D'Geschicht vun der Harmonie Mutfert-Méideng
Em d'Joerhonnertwend, gouf et schon éischt
Ideën fir eng Museksgesellschaft ze grënnen. Verschidden Ulaafschwieréchketen
hun ower d'Grënnung vun enger « Fanfare Moutfort-Medingen»
an d'Längt gezunn.
Et muss am Fréijoer vum Joer 1903
gewiescht sin wéi et endléch zur Grënnungsversammlung koum
an e Fändel ugeschaaft gouf.
Mëtt der 90er Joeren gouf den Jugendorchester
«Mutferter Musikanner» an d'Liewen geruff fir den Jugendlechen
ideal Konditiounen können unzebidden fir Freed un der Musek ze hun. Den
éischten Konzert vun desem Ensemble huet am Mee 1997 stattfonnt.
Am Joer 2004, wou d'Festlechkeeten vum
Centenaire vun der Musekgesellschaft ofgeschloss gin sin, ass aus der Fanfare
d' « Harmonie Moutfort-Medingen» gin an een néien Fändel
gouf virgestallt.
Zur Zéit besteet de Veréin
aus iwer 100 aktiv Musikantinnen a Musikanten wou d'Veréinféierung
eng grouss Wichtegkeet an de Beréich vun der Jugendarbecht leed.