Hei sin déi graphesch Simulatiounen vun néien Gebäi während dem Dag an der Nuecht.

Enn July 2005 huet d’Gemeng Contern der Harmonie Moutfert-Medingen duerch deen hei uewendriwwer presentéierten Bréif matgedeelt dass all d’Autorisatiounen fir den Bau vum néien Gebäi genehmecht wären an dass d’Réalisatioun elo kënnt ufänken. Leider wor dës gudd Noriicht vu kurzer Dauer. An der Generalversammlung 2006 huet de selwechten Buergermeeschter onsem Veréin matgedeelt dass dësen Projet aus finanzieller Laag vum Staat an der Gemeng Contern zerplatz an klasséiert wär.

Dës schlecht Noriicht huet onsen ganzen Verein fir d’Zukunft démotivéiert an mir hoffen dass d'Gemengenautoritéiten sech den schon langjährechen onméigelechen Proufkonditiounen an den aktuellen Gemengereimlechkeeten bewosst sin an kurzfristëch Alternativléisungen unbidden. Mir erlaaben ons d’Visiteuren vun dësem Site wéider um Laafenden ze halen wat d'Gemengenautoritéiten fir Décisiounen zum Thema Proufsall treffen.

zerëck