Wow – wat e Concert!
Viru vollem Sall hunn eis Musikanten mat hiren Dirigenten, dem Charel Krysatis an dem Bernd Müller, alles ginn a goufe mat groussem Applaus fir déi gutt Leeschtung belount! Et ass eis gelong, eise Publikum an de Bann vun der Musek ze zéien a si hu sech vun de liewegen an energesche Melodie vu Lord Tullamore oder Around the Whiskey Jar matrappe gelooss a waren ergraff vun deene roueg-emouvante Téin vun Highland Cathedral oder Canterbury Chorale. Duerch de Programm gefouert hu gekonnt wéi ëmmer den Andy Ronck an de Rémy Toulotte.
Eise Special Guest – zwee Piper an een Drummer vun de Spirit of the Highlands Pipes & Drums – hu groussen Uklang fonnt, den Applaus fir hir zwee Wierker zesumme mat der Harmonie Moutfort-Medingen souwéi een Eenzelstéck vun hinnen – war frenetesch! E grousse Merci u si, datt si mat eis zesummen opgetruede sinn!🎶🏴
Virum Concert hate sech eng sëlleche Leit afonnt, fir hir Portioun Fish&Chips ze genéissen – zoubereet vun eisem Fëscherveräin, der Routa Moutfort-Medingen – e grousse Merci geet op dëser Plaz u si fir hir Aarbecht! 🐟
Mir soen Iech Merci, fir Är Ennerstëtzung, et huet eis immens vill Freed gemach viru sou engem begeeschterte Publikum ze spillen!