$path="LU/proufsall"; $path_name="Proufsall"; $subpath="aal"; $subpath_name="Aalen Proufsall"; include("../../../_inc/general.php"); do_pageheader(); ?>
Nom Ausbau vun der neier Schoul krute mer de Schoulsall uewenop am Gebäi als Proufsall. Wat fir eis eng grouss Freed war well mer dun eis Noutepulter a Perkussioun nët méi no all Prouf hu misste raumen.
Mam Bau vum Centre Culturel zu Mutfërt as de Festsall als solches nët méi gebraucht gin. No e puer Renovatiounsarbéchten, Kork un d'Maueren, Teppéch op de Buedem, nei Lambrequins a.s.w. konnt eis Musek voller Freed vun dem mëttlerweil vill ze klenge Schoulsall, erof an de Festsall plënneren.
Zu dem Zäitponkt war d'Theaterbühn allerdengs nach do an eis Theaterequipe huet hei beim Prouwe nach vill schéi Stonne verbruecht.
Mee eis Musek as weider gewuess an et gouf alt erëm ze eng. An d'Bühn huet missten dru gleewen. Vill nei Schief, eng Kopiesmaschin, Dëscher a Still fir d'Comitésëtzungen souwéi Instrumentekëschten a Perkussiounsinstrumenter fir d'Cortègen stin elo op dem enke Raum vun der fréierer Bühn.
Mat dem massiven Undrang vun neie Musikanten, déi eis Musek an de leschte Joeren hat an huet si mer awer elo leider nees vir bäi an hanne widder.
Och wa vun denen 72 aktive Musikanten se nie grad all mateneen an d'Prouf kommen, sou kann een séch dach virstellen dass scho 50 Leit mat Instrumenter, Këschten a Jacketten Krämpes hun fir laanschteneen ze kommen. Vun der Akkustik an dem Mangel u Sauerstoff op deem enke Raum guer nët ze schwetzen.
do_pagefooter(); ?>