Vu 7 Joer un (2. Schouljoer) hunn d'Kanner d'Méiglechkeet mam Solfège unzefänken. Selbstverständléch kann een och als Erwuessenen jidder Zäit dës Coure besichen. Dat éischt Joer am Solfège gëtt Préparatoire genannt. Hei geet et direkt lass mat Noute léieren mam selwechte Schwierechkeetsgrad wéi am Conservatoire.

Nom Préparatoire kënnen d’Schüler en Instrument léieren. Sie kréien elo vun der Musek en Instrument zur Verfügung gestallt mat dem sie an d'Instrumentecoure kënne goen.
Paralell dozou mussen sie awer weiderhin am Solfège bleiwen.

Et sinn nom Préparatoire nach 3 Joer obligatoresch (eng éischt Mentioun) bis sie weider d'Instrumentecoure kënne besichen, ouni niewelaanscht nach Solfège ze maachen.

Wien no der 1. Mentioun nach weiderhin wellt Musék léieren, a vläicht souguer gär géif professionnelle Museker ginn, huet d'Méiglechkeet dono nach 4te an 5te Joer ze machen an duerno kann hien sueguer nach an de Conservatoire wiesselen an esou seng musikalësch Karriär weiderféieren.