Dëse Cours ass fir Kanner vu 5 Joer (2. Joer Spillschoul) respektiv 6 Joer (1. Schouljoer) geduecht. Et geet drëms fir sie sou fréi wéi méiglech mam Thema Musek ze konfrontéieren an domatt hieren Interessen ze wecken.

Et kéint ee bal soen, den Eveil Musical wär d’Spillschoul vun der Musekschoul a soll d’Kanner mat Spaass a Spill op de Solfège an d’Instrumentecoure firbereden.

Zum Programm vun dësem Cours gehéieren:
Musek lauschteren, rhytmesch Erzéiung, Bewegung an Danz, Sprooch a Gesang, sou wéi éischte Kontakt mat klenge Perkussiounsinstrumenter. Zum Schluss léieren sie och schon e puer Nouten.

Den Eveil Musical huet en éischt Joer (fir Kanner vu 5 Joer) an en zweet Joer (fir déi vu 6).

No 2 Joer Eveil Musical däerfen d’Kanner dann direkt ufänken en Instrument ze léieren, natiirlech nëmme wann sie sech paralell dozou am Solfège Préparatoire aschreiwen. Hiert éischt Joer um Instrument nennt sech dann Initiation à l’ Instrument.