Bienvenue sur le site de HMM
Découvrez nos prochains concerts, galeries de photos et informations importantes.
Suivez-nous sur Facebook
Harmonie Moutfort Medingen1 day agoMit soen der Madame Kaiser Merci, datt si eis ewell zanter 50 Joer all Joer op eisem Hämmelsmarsch mat engem gudde Patt versuergt!
Merci fir des generéis Ennerstëtzung vun der lokaler Musek 🎶🎵🎶
Harmonie Moutfort Medingen2 days agoOch e gudden, erfrëschenden Hugo ouni Alkohol kënnt Dir bei eis um Stand vun der Harmonie Moutfort-Medingen drénke kommen 🍹
Harmonie Moutfort Medingen2 days agoKultursummer am Mutferter Park – mir si prett!
Kommt bis laanscht a loosst Iech vun eis mat Gegrills, Gedrénks a Cocktailen verwinnen, wärend Dir kënnt d‘Musek vun Lata Gouveia an The Queen Tribute genéissen 😎🎶🎵
Harmonie Moutfort Medingen1 week agoMuer op Nationalfeierdag si mir wéi gewinnt mat dobäi:
➡️Moies encadréire mir de Cortège bei d‘Kierch an no der Kierch 🇱🇺🇱🇺🇱🇺
➡️ Ab 12:00 Auer kritt Dir am Park un eisem Stand hausgemaachten Eisekuchen a Paangescher (maacht Iech bäi, soulaang der do sinn 😋)
➡️ Vu 17:30-18:30 spille mir e flotte summerleche Concert ënnert der Leedung vun eisem Dirigent Bernd Müller
Harmonie Moutfort Medingen2 weeks agoDir hutt am Januar eise Concert mam Musical Aladdin verpasst oder wëllt en nach eng Kéier erliewen?
Da kommt den 11. Juli um 21:00 Auer op de Kultursummer zu Mutfert am Park, wou mir de Musical nach eng Kéier mam Serge Schonckert opféieren 🧞♂️